|
Haus Allar Tel.: 0652692000 |
Hôtel-Restaurant Herber Tel.: 790188 |
Camping La Pinède Tel.: 79 02 71 |
Hampshire Moselhotel Nitteler Hof Tel.: +49 6584 99 36 0 |
Restaurant Gastronomique Au Vieux Moulin Tel.: 72 00 68-1 |
Hôtel Pérékop Tel.: 799329 |
Witze 2010/02
![]()
0910 Franséisch Wierder
hunn eigentlech näischt an eiser Sprooch verluer. Ma virun allem déi dichteg Häre schwätzen nawell gär wéi de Koseng Ficelle am Dicks senge „Kiermesgäscht“. Sou ass déi Geschicht hei och eng komesch Situatioun ginn. An der Maternité trëppelt e Mann ongedëlleg am Gank op an of, well et ass drop an drun, datt hie Papp soll ginn. Souguer vun Zwilligen, hat den Dokter virausgesot. No enger Zäit kënnt dien dann och a seet zum Mann: „Ech gratuléieren, Här Dupont, dir sidd Papp vun dräi gesonde Kanner ginn, e Béifchen an zwee Meedercher…“ – „Wat? Dräi?” fiert de jonke Papp dertëschent, „a wéi konnt dat dann nëmme passéieren?“ – „An ärem Fall ass d’Explicatioun einfach: do spillen e puer Facteure mat…“ An ier den Dokter dem Mann déi Gebuert medizinesch explizéiere konnt, deet die Kreesch: „A, déi Drecksäck, déi houeren Drecksäck!“
![]()
0810 D‘Bomi
läit schon am Bett an de Bop ramoschtert nach niewendrun am Buedzëmmer. „Wat knéchels du dann nach sou laang, kënns de net schlofen?“ freet d’Bomi. „Ma“ äntwert deen, „ech wäsche mol mäi Gebëss eng Kéier am Fong…“ – „Ma mäint steet och elo an engem Glas, da wäsch dat an engems mat, wann s de wëlls….“
![]()
0710 Fir Vältesdag
hat de Jules sech virgeholl, mat senger Frëndin, déi e virun dräi Woche kenne geléiert hat, en extra schéinen Owend mat allem Drum an Dran ze verbréngen. Hien telefonéiert also senger Frëndin a seet:“ Ma so Juliette, ech proposéieren, datt mer äis op Vältesdag fir d’éischte Kéier e richteg schéinen Owend maachen, mir zwee ganz eleng..“ D’Frëndin Juliette huet scho vun Ufank op sou en Ablack gehofft, ass begeeschtert vun der Iddi a freet:“ Wonnerbar, wat hues de der da geduecht?“ – „Ech hunn dräi Kaarte fir an de Stadtheater reservéiert, déi beschte Plazen!“ – „Dräi? A fir wat dann dräi?“ – „Ma eng fir deng Mamm, eng fir däi Papp an eng fir däi Brudder…“
![]()
0610 Eng Geriichtsaffär
wollt e Mann géint säin Noper ukéieren a freet en Affekot:“Ech wollt emol wëssen, wéi héich sënn är Honorairë fir e Renseignement?“ – „Si leien de Moment bäi 100 € fir dräi Froen!“ – „Honnert Eu..fir dräi Froen…ass dat net e bëssche vill?“ – „‘t ka sënn – aus ärer Siicht vläicht, a wat ass är drëtt Fro?“…

