|
Camping Schützwiese Cat. 1 Tel.: 740543 |
Camping Martbusch Tel.: +352 790545 |
Restaurant Steak House Tel.: 72 94 40 |
Restaurant Le Pavillon Tel.: 729809 |
Pension unter der Burg Tel.: 06526526 |
Haus Allar Tel.: 0652692000 |
1814 war d’Joer, wou dem franséische Keeser Napoleon
- Login to post comments
De GUSTI huet an ale Geschichtsbicher gebliedert an Interessantes gelies, wouvu kee Mënsch méi eppes weess. Verwonnert kënne mer nëmme soen :
A sou war dat…
1814 war d’Joer, wou dem franséische Keeser Napoleon säin europäëscht Räich um Wackele war. De grousse Feldhär war um Enn mat sengem Latäin, seng Arméi schwaach an ouni Mëttel fir Géigewier, vun Ugrëff mol guer net méi ze schwätzen.
Dofir konnten d’Hessen de 7. Januar 1814 vun Tréier hier zu Gréiwemaacher an dat deemolegt Herzogtum Lëtzebuerg afalen, dat se besat hunn an déi staark Festung Lëtzebuerg, de „Gibraltar am Norden“ belagert hunn. Geschwënn drop hunn och d’Preise sech hei breet gemaach an d’Hessen ofgeléist. Op dem Wiener Kongress ass dunn Europa reorganiséiert ginn.
Ma just virdrun hunn d’Alliéiert géint den Napoleon, d’europäësch Koalitioun genannt, eng nei territorial Verwaltung agefouert, well d’Fransouse sech zréckgezunn hunn. Si hate jo eis Géigend an och wäit an Däitschland eran, den Terrain an „Departementer“ agedeelt. D’Herzogtum Lëtzebuerg war den „Département des Forêts“ (Bëschdepartement, Wälderdepartement) Hamburg z. Bsp. d’Haaptstad vum „Département des Bouches de l’Elbe“ (Elbmündungsdepartement), Mainz war d’Haaptstad vum „Département du Mont-Tonnerre“ (Departement des Donnersberg). Déi alliéiert Muechten (England, Éisterräich, Russland a Preisen) hunn déi franséisch Departementer a Provënzen, „Gouvernements généraux“ genannt, zesummegeluegt. Dobaï gouf en Deel vum Herzogtum, um rechten Ufer vun der Musel fir ëmmer ewechgeschnëppelt. Dat war d’Sträif vu Waasserliisch erof bis op Manderen, d’Grenzuertschaft viru Louthréngen.
An deem Ablack wosst jo nach keen, wéi de groussen europäësche Krich ausgoe géif an et konnt och kee wëssen, wat mat den éisträicheschen Nidderlanden, zou deenen jo Lëtzebuerg a België gehéiert hunn, geschéie géif.
Dofir konnt déi nei Verwaltung eigentlech nëmmen eng provisoresch sënn. Et ass sech och a groussen Zich un de franséische Modell gehale ginn. België koum zum Generalgouvernement Belgiën. D’Herzogtum Lëtzebuerg gouf dem Generalgouvernement vum Nidder – a Mëttelrhäin, mat der Haaptstad Oochen, zougedeelt. D’Nopeschregiounen, d’Saar an Pfalz, hunn de Generalgouvernement Pfalz, mat der Haaptstad Worms, gebilt. Den 2. Februar 1814 ass déi nei Verwaltong a Kraaft getrueden.
Nu war awer beschloss ginn, datt deen Alliéierten, deen e Land militäresch besat hat, och d’Verwaltung vum Generalgouvernement ze iwerhuelen hat. Well d’Rhäinland a Lëtzebuerg vun de Preisen, Pfalz dogéint vun den Éisträicher an de Bayere besat war, gouf de Generalgouvernement Nidder – a Mëttlerhäin preisesch, de Generalgouvernement Pfalz éisträichesch-bayresch. Fir eis Regioun huet d’Grenz, déi tëschent deenen zwee Generalgouvernementer festgeluegt gouf, entscheedend Ännerunge bruecht. Et ass weder no der Grenz vum franséische Bëschdepartement nach vun deer vum fréieren Herzogtum gekuckt ginn, ma Grenz ass vun Tréier d’Musel op bis Louthréngen den natierleche Waaserlaf ginn. Doduerch also huet Lëtzebuerg e Gebitt op der rietser Muselsäit verluer. Dat waren d’Uertschaften Waaserliisch, Réineg, Uewerbëlleg, Temmels, Fellerich, Wellen, Tawern, Wilténg, Nëttel, Këlleg a Wincheréng. Dat waren Dierfer, déi deemools zum Kanton Gréiwemaacher gehéiert hunn. Awer och de Kanton Réimech huet iwer d’Musel gereecht an elo en Deel verluer : Wehr, Thorn, Rehlingen, Dittlingen, Kreuzweiler, Wies, Nennig, Besch, Wochern, Borg a Manderen mat der schéiner Malbrouck-Buerg, wat awer e Jar méi spéit zou Frankräich koum.
Déi Sträif Land laascht Musel, mol méi breet, mol méi schmuel, alt bis 10 km eran an d’Land huet deemools gutt 7000 Awunner gezielt. Déi provisoresch Grenz gouf awer de 9. Juni 1815 op dem Wiener Kongress guttgeheesch, nodeem den Herzogtum zum Groussherogtum erhuewe gi war. (Art. 68 vun der „Wiener Akte“).
Den Originaltext ass franséisch : „Le Grand-Duché* se composera du territoire entre le Royaume des Pays-Bas (haut Holland an Belgiën) la France et la Moselle jusqu’à l’embouchure de la Sûre ».
Den humanen Aspekt ass mat Féiss getruede ginn. Iwer an eriwer vum Muselfloss si Familljen ausernee gerappt ginn, hu Lännereien a Gidder verluer, vun Identitéit an Nationalitéit mol net ze schwätzen.
*Deemools nach mat de 5 wallouneschen Distrikter, déi eréischt 1839 u België koumen.
Ah, sou war dat…
Eng aner Kéier erzielt de Gusti äis, wéi dat mat dem Béibreger Land war


