Frësch op den Dësch

Mir freeën eis Iech à la carte ze verwinnen, freides owes, samschdes owes a sonndes mëttes. Gruppereservatiounen och gären zu aner Deeg. Nous mettons nos coeurs à une cuisine traditionnelle et fraîche. Avec cette ambition nous vous servons le vendredi soir, le samedi soir et dimanche à midi.
Réservations de groupes sont possibles tous les jours

Gromprenkichelcher

Eng Ënn schielen an kleng schneiden, se dann mat Botterschmalz uschweessen an duerno e bëssen ofkillen loossen.
Muerten an réi Grompere schielen an dann rappen an gudd ausdrécken, datt se sou dréche wéi méiglech ginn. Dann mat engem Ee an dem e bëssen Miel mëschen.
D'Ënn dobäi gin, salzen, pefferen an Moskatnoss dra reiwen. Frëschen Péiterséilesch kleng schneiden an drënner hiewen.

Rucola's Zalot, d'Tomaten an d'Champignon'en botzen.
D'Champignon'en graff kleng schneiden. Dee gewierfelten Speck an enger Paan knuspreg ubroden, dann d'Champignon'en dobai gin an nëmmen mat Peffer wierrzen.

Als nächst de Botterschmalz an enger Paan waarm gi loossen, de Gromprekichelcherddeg tëscht béid Hänn an eng plat Form drécken an dann am waarme Fett vun béid Säiten gudd ubrooden. Net ze stark, dofir awer e bësse méi laang, fir datt se an enger Kéier duerch gin.

Di färdeg ugebroden Gromprenkichelcher op engem Pabeier ofdrëpsen loossen.
Tomaten an véier schneiden.
E bëssen Olivenueleg an Balsamico Esseg, e bëssen Salz an Peffer iwwer d'Zalot an dann kann een dresséiren.
Gudden Apeetit!
E Pinot Gris passt bei dëse Plat besonnësch gudd!

Mir brauchen:
Champignon'en
More Speck
Tomates cerise
Rucola
Gromperen
Muerten
Ënnen
Miel
Ee
Muskotnoss
frësche Péiterséilesch, Botterschmalz, Olivenueleg, Balsamico Esseg, Peffer a Salz


Foto:© Pit Hollweck

 


Biographie Ben WEBER

CATP hôtelier –restaurateur an der Hotelschoul Alexis Heck zu Dikrech

Ass duerch dës Haiser gaang:
Hotel Meyer, Beaufort
Hotel-Restaurant le Cigalon, Mëllerdall
Ristorante Musconi, Lëtzebuerg-Gronn
Hotel-Restaurant Eden au Lac, EchternachZockerdekoratiounskonschtschoul – Dippech baim Alain Gérard

Genaveh, chocolatier et confiseur, Strassen

Ass elo:
Chefkach a Manager vum Bistro-Restaurant Camp Relax zu Haler
Member vun der Lëtzebuerger Kachnationalequipe / Vatel Club
Member bei de Chefs Eurotoques Lëtzebuerg

Kontakt:
 Restaurant Gudde Kascht
20, Hennerecht
L-6370 Haller
Tel.: +352 83 67 48

ben@camprelax.com
www.camprelax.com