z’entdecken: Bur a Méischdrëf un der Ënnersauer. Hei wou de Sauerdall zimlech schmuel ass, tëschent Iechternach a Waasserbëlleg, leien déi zwee kleng Dierfer Bur a Méischdrëf. Bur huet 332 Awunner a Méischdrëf 354 (am Joer 2005 gezielt), béid Uertschafte gehéieren zu der Gemeng Mompech.