Wat ass Judd ?
Judd ass d'Halsstéck vum Schwäin. De Judd ka gesolpert oder/a gereezt ginn, am ganzen oder als Kotlett vekaaft ginn.
Rezept
De gereezte Judd gëtt virum Kache gewässert. Duerno gëtt en eng 2 bis 3 Stonnen an enger Britt gekacht. An déi Britt kommen eng Porrett, 3-4 Wuerzelen, eng Ënn, e bëssen Zelleri, 1 Lorberblat , 1-3 Neelcheskäpp, Peffer an och, wann een et gären huet, e Schotz Rivaner.
Gaardebounen, och Saubounen oder Dullessen genannt, ginn an enger Mielzooss preparéiert. Net vergiessen, an d'Zooss muss onbedingt Bounekräitche kommen.
De Judd gëtt an Tranche geschnidden a mat den Dullessen zervéiert. Et kënne souwuel gekachte kloer Gromperen ewéi Gegreeftener derbäi zervéiert ginn.
Gutt derbäi schmaacht e Wäin vun der Lëtzebuerger Musel.



