Bur a Méischdrëf un der Ënnersauer

z’entdecken: Bur a Méischdrëf un der Ënnersauer. Hei wou de Sauerdall zimlech schmuel ass, tëschent Iechternach a Waasserbëlleg, leien déi zwee kleng Dierfer Bur a Méischdrëf. Bur huet 332 Awunner a Méischdrëf 354 (am Joer 2005 gezielt), béid Uertschafte gehéieren zu der Gemeng Mompech. Et ass e schéint Stéck Land, dat an alle Joreszäiten an zu allen Dageszäite säi Charme huet. ‘t ass ëmmer derwäert d’Sauer ze kucken, ob d’Sonn poulriicht drop schéngt oder den Niwwel driwwer läit. Hei geet net Rieds vum Reen, hëchsten vun esou engem liichte lëtzebuergesche Fisemreen, deen d’Sauer nach ëmmer gutt ausgesi léisst. D’Géigend vun der Ënnersauer ass am Vergläich mat anere Géigenden zimlech waarm a gutt Mëttelmooss, wa mer da vum Reen schwätzen. De Fëschreeër sëtzt meeschtens op deem selwechte Steen, matten an der Sauer, bei guddem a bei manner guddem Wieder. Un den Uwänner vun der Sauer ass ze soen näischt verännert ginn, also alles pur Natur. Besonnesch elo am Juli/August ass all dat wëllt Grings laanscht d’ Sauer e Genoss fir d’Aen. D’Fëscher sëtzen an hirem Naachen oder um Uwänner, heiansdo am Schiet vun engem décken Nëssert. Am 12. Jorhonnert sollen d’Templer, déi sech zu Méischdrëf néiergelooss haten, ugefaangen hunn, déck Nëss an Äppelbeem (Ramboen) unzeplanzen. Méischdrëf war emol no Veianen de gréissten Noss-Liwwerant! D’Sauer ass Grenzwaasser, gehéiert op der ganzer Breet zu Lëtzebuerg an op der ganzer Breet zu Däitschland. Hei gëtt eppes fir eng gutt Noperschaft gemaach. 1987 ass deen éischte Projet, iwwert d’Grenzen ewech, realiséiert ginn: d’Foussgänger- an d’Velosbréck tëschent Méischdrëf a Metzdorf. Domadder wiere mir beim Thema ,,Velospisten a Spadséierweeër’’. Op béid Säite vun der Sauer kann een op flotte Piste mam Velo fueren. Zu Bur an zu Méischdrëf sinn exzellent Weeër, fir spadséiere ze goen. Si gehéieren zu de Promenaden ,,auto-pédestre’’ an zu dem ,,Müllerthal Trail’’. Eng vun eise pittoreske Promenade féiert eis z.B. an d’Naturschutzgebitt ,,Deiwelskopp’’, eng erof op Méischdrëf laanscht d’Kauzebaach, eng aner zu Bur laanscht d’Giischterbaach (Burer Millen), wou mol zwou Mille geschafft hunn, nach eng aner laanscht eng Abberzuel Bongerten, mat haaptsächlech Äppelbeem dran. ,,Es ist schön, wenn im Frühling in La Rioja die Mandelbäume blühen.’’ Sou lackelen d’Spuenier sech d’Leit an d’Land. Abee, ‘t ass och schéin, wann am Fréijoer zu Bur d’Äppelbeem bléien! Fréier gouf et nach vill Brenner un der Ënnersauer, déi Drëppe gebrannt a Viz gekeltert hunn. Haut gesäit ee méi seelen dat Schëld ,,Distillerie’’ un den ale Baurenhaiser. À propos Haiser: Déi vill restauréiert Haiser mat hire faarwege Fassaden, hire Blummekiwwelen un allen Ecken an Ennen, an heiansdo och nach engem richtege Bauregaart, ginn den Dierfer e frëndlecht Gesiicht. Et gëtt eng Rei Haiser aus dem 18. Jorhonnert, aus der Maria Theresia Zäit, engem gudden Zäitalter fir d’Baureleit. Un der Ënnersauer hu Kelten a Gallo-Réimer gewunnt. D’Réimer hunn hei Riewen an Uebst ugeplanzt a vun hire villae rusticae aus ass d’Keeserstad Tréier beliwwert ginn. Vereenzelt Wéngerten an al Wéngertsmaure falen haut an der Landschaft vun der Ënnersauer op. Ier 1850 d’Sauerstrooss a 1874 d’Eisebunn gebaut gouwen, mussen d’Verkéiersverbindunge miserabel gewiescht sinn. 1958 war scho Schluss mat der Sauerlinn vun der Eisebunn. Déi al Trass mat verschidde Gebailechkeeten ass nach ze gesinn, fir Eisebunnsfreake vu groussem Intressi. Wien haut säin Auto doheem loosse wëllt, ka mam Bus oder mam Velo fueren. An der Fräizäit geet dat och mam Kayak. Vum 15.7. un ass awer op der lëtzebuergescher Säit d’Kayakfuere verbueden, da ginn d’Kayaken op der däitscher Säit an d’Waasser gesat!! Dat huet mat ënnerschiddlechen nationale Reglementer ze dinn. Ähnlech huet et sech och mam Schwammen an der Sauer.

Kommt, mer trëppelen emol nach eng Kéier duerch béid Dierfer. Wat fält dann an d’Aen? Zu Méischdrëf? Scho vu Wäitem gesi mir déi véier Wandmillen, déi d’,,Wandpark Burer Bierg S.A.’’ an der Gemeng opgeriicht huet. Do steet matten am Duerf e Wollef aus roudem Sandsteen (hei an der Géigend gëtt et wäissen a rouden), deen un eng al Wollefsgeschicht erënnert. Am Hank gesi mer déi Méischdrëfer Kierch. An hire Fundamenter verstoppe sech Spuren aus der Zäit vun den Tempelhären, awer och Réimesches. Do ass déi al Millen un der Sauer, déi am Dornréischeschlof läit an drop waart, restauréiert ze ginn. Wa mer lo weider ginn, Richtung Bur, gesi mer lénker Hand e Schëld ,,Salzwasser’’. Hei spruddelt eng Salzquell ënnert dem Buedem! Mat der Burer Salzproduktioun ass awer am 18. Jorhonnert opgehale ginn. Erzielt gëtt ëmmer nach déi eng oder aner Seeche vum Salzmännchen, deen nuets d’Leit erschrecke gedoen huet. Mir kommen elo bei de Centre Culturel a bei déi nei Schoul (2004) vun der Gemeng Mompech. Si ass an der ökologescher ,,Niedrigstenergiebauweise’’ gebaut an huet e wonnerschéine Wantergaart, deen d’Wäermt späichert. Hanner der Schoul gëtt um Projet ,,Mënsch a Steen’’ geschafft. Ënner anerem kann een do e geologesche Querschnëtt duerch de Mëllerdall – Kleng Lëtzebuerger Schwäiz gesinn. Dët weist drop hin, datt an der Gemeng Mompech en innovative Wand bléist! De Spadséiergänger kann elo weider trëppelen duerch d’Duerf oder laanscht d’Sauer. Un der Sauer läit de Camping, deen de Syndicat d’Initiative et du Tourisme Born-Moersdorf féiert. Et ass en 1. Klass-Camping an enger roueger Lag, direkt um Waasser, mat enger flotter Buvett an Terrass. U Spaass, Spill a Sport ass och geduecht ginn. De Camping huet eng attraktiv Spillplaz an e Futtballsterrain. Mir kommen elo bei d’Duerfplaz an d’Kierch a gesinn op d’Burer Schlass. Et staamt vun 1840, steet awer op enger Plaz, déi schonn am Mëttelalter eng grouss Bedeitung hat. D’Schlass vu Bur, e wonnerbare Bijou am Duerfkär, ass vu Privatleit mat vill Geschéck a Sensibilitéit restauréiert ginn. Gläich niewendru kënne mir eis vun alle Strapazen erblosen an e kille Pättchen drénken. D’Auberge ,,an der Brennerei’’ invitéiert d’Gäscht, Plaz ze huelen ënnert dem décke Lannebam oder de schiedege Maronebeem. Déi al Brennerei, mat historesche Kelleren an engem Bur aus dem Mëttelalter, ass en Deel vun dem Maria-Theresia-Baurenhaff, deen den Hausnumm ,,a Biergesch’’ huet. Léif Lieser, léif Lieserinnen, wann Dir dës Zeile liest, da kann ech Iech zu gudder Lescht just nach an d’Ouer pësperen: D’Ënnersauer ass en touristesche Geheimtipp. Leider koum de Geheimrat Goethe 1792 no der Campagne a Frankräich net bis op Bur, dofir awer säin Dénger a Sekretär Wagner. En anere berühmte Mann, den englesche Moler William Turner, ass 1824 och direkt vu Waasserbëlleg aus bei d’Igeler Sail gefuer, fir déi a säi Carnet ze zeechnen. E klengen Trouscht: Am Turner sengem Carnet ass mat grousser Wahrscheinlechkeet och déi al réimesch Sauerbréck vu Waasserbëlleg. An domadder wiere mir nees bei der Sauer ukomm.

Jeanne Turnau-Offermann