D’Geschicht vum Kuebefänken Wat esou e richtege klengen Duerfsieschter ass, weess och, wat om Bann lass ass. Eis « Räich » war hanner den Haiser, an de Wisen an op der Gewan. Awer och am Bëschelchen uewen, am Säitert,“éise“ Säitert, mat de Mueren, Schëtzegrief a Bommelächer aus dem Krich. « D’Wollefswiss » - « d’Bockelgruecht » -« op Baul » - « op Häerd » - « op der Kouheed » an den « Nidderbierchen » : Dat waren eis Schluechtfëlder! Do hu mer am Fréijar d’Bettseecheschzalot gestach, am Summer d’Bloume gepléckt fir d’Häerläichemprëssessioun, do hu mer vum Juli bis an de September era kierfweis Wisechampignonë gepléckt, awer och heemlech Kiischten, Äppel, Biren oder Nëss stibitzt, wann et un deer Zäit war an de Préiter net doruechter ze gesi war. Ënnen an Tuerpes hirer Wollefswiss hat eng kleng Quell en Dëmpel gefëllt, wou mer Jar fir Jar éis Kauzekäppziichterei haten, an och bal ëmmer e puer Waassereederëssen, méi seele mol eng Feieromes entdeckt hunn. Spéiden Hierscht. Dobaussen ass et bronkeg a kal an et setzt sech Bromee un. D’Bauere fueren un der Mëscht. Mat de Päerd, déi Zäit, Hueschtesch Colas hat en Uess, Haisses e Kéigespan., de Schentebauer hat schonn en Traktor. Wa frësch Mëscht op engem Stoppelstéck gedämpt huet, da waren d’Kueben aus der ganzer Géigend do. Dacks esouvill, datt bestëmmt och déi Bricher Kueben – do war e Bësch mat honnerten an honnerte vu Kuebennäster – iwer d’Schanz an Heeschbreg eriwer geflu koumen. E Kueb hätte mer nach ëmmer gär gehat : déi soll een dresséiere kënnen, déi solle bäim Haus bleiwen an déi drolegst Tricke man. Ech hat dat réischt kuerz an engem Bouch vum Hermann Löns gelies, dat ech an der Schoulbibliotéik geléngt hat, an dien huet et jo misse wëssen. E Kueb fänken, ma wéi sech uleeën? De Mullongs Hännes, en ale Bëschaarbéchter, dien d’Natur wéi keen zweete kannt huet, huet äis e Rot ginn : « Huelt eng Gaardebunn, stréckt se un en Zwierschfuedem a leet se op e frësche Mëschtkoup. Dir fänkt der souvill wéi der wëllt… » Ma méi einfach geet et jo net. Datt mir selwer net lo ’rop komm sënn! Donneschdesmëttes zéie mer zu dräi - wie schon? – den Abbes, de Jupp an ech, dann d’Wollefswiss erop op d’Kouheed op d’Kuebejuecht. Gutt zwou Dosen deer schwaarzer Gesellen haten d’Mëschtekéip schonn a Beschlag geholl. Wéi mir an d’Stéck koumen, si se einfach méi hannenaus geflugen an hu sech fofzeg, sechzeg Meter vun äis ewech nees néiergelooss. Mir leeën éis Stréck aus a bannen d’Witz un e Poul vum Kosterhari senger Pierch. Du hu mer äis vir am Säitert, dien do un de Fëldwee ustéisst, hanner engem Hieseltertrausch verstoppt. Mir hunn net laang bräichten ze waarden, du sënn d’Kiebercher nees vun hannen erfort komm. „ Lo gëtt et awer spannend “, hunn ech dem Jupp an dem Abbes gesot. „ Sief roueg, datt s‘ äis net héieren “ – „Dien éischten ass mäin“ sot de Jupp. - „…oder och net…“ hunn ech bäi mir geduecht…. Wat elo kënnt, hätt ech ni gegleeft, wann ech et net um eegene Leif erfuer hätt : Do sënn hirer zwéin no bäi, trëppelen op e Koup lass, picke mam Schniewel e puermol hei an do…a wat sees de?…Scho steet do een ze wierksen a mat de Flillécken ze fachen! Dien huet eng geschléckt! Mir dräi bonzelen een iwer deen aneren de Bëschgruef erof, jidderee wollt dien éischten do sënn. Jungejung! Dien hätte mer. « Jupp, hal du de Sak op, Abbes, komm! » Mir krauche geduckt op de Kiebchen duer. Ma sou e gefaangene Kueb ass nach laang kee bréiegt Houn. Wéi dat Véi spiert, wat lass ass, gëtt et ugrëffeg a spréngt op mech duer. Ech geheie mech mat engem Saz op d’Säit, an trëllen iwer meng eege Féiss d’ënnescht an d’iewescht op de Mëschtekoup. Scho fléit e géint den Abbes a moosst diem e puer anstänneger mat de Flillécken erof. « Hal en un, huel en », jäizt de Jupp – fënnef Meter ewech, mam Sak am Grapp. Ma dien Intebinnes! Da soll hien e mat der décker Maul unhalen. Du maachen ech e Panzschlag op de Kueb, meng Box war jo souwisou am Eemer…Hei bäisst der jo net dat Loudervéi mech an de Fanger a kraazt mer eng bloudeg Schrumm op d’Hand. « Passt op, et kommen der nach », rifft de Jupp a scho fladderen a poufen a jäizen zéng, zwanzeg Kueben iwer äis dräi. Lo awer fort, wat gëss de, wat hues de! Mir loosse Kueb Kueb sënn a wetzen nees ran an de Bësch. De Schwaarm Kueben hannendrun, se doe freeschtlech Kreesch, fléien awer erop op eng Hobuch um Bëschrees. Do gi se sech lues a lues mat Jäizen. Mir leie flaach um Bauch ënner dem Hieselter a réiere keng Oder am Leif. D’Kueben zéien no puer Minutten eenzel, koppelweis an a klengen Träpp of. Och um Stéck kee Kueb méi, emol net dien, die mer sou gutt wéi gefaangen haten. Dat Spillchen elo war nach eng Kéier gelënt ausgaang an et war och gutt esou, soss hätte mir dräi nach hannen um Enn Sträit kritt. wéi déi Pissinger bäim Kuebendeelen. Mir sënn du de Wee laascht de Säitert op d’Charlysgare zougaang, dat war net vill méi wäit fir heem. Grad wéi mer op der Gare ukoumen, sënn d’Bëschaarbéchter den Dielchen erop vun der Aarbecht komm. Déi Woch hu se bäi der Méchelskierch d’Dänne gebotzt. « Ah, Jongen, wéi ass et mat de Kueben? Hutt der well ee gefaang?» frot den Hänni gläich. « Schlecht, déi Sai wollten un is gon, wéi mer bal een haten.» « Ou, a wéi ass dann dat? Wat hat der da fir en Zwierschfuedem?» « Ma en einfache wäissen aus menger Mamm hirer Bitzkëscht…» « Krëtjëfft a keen Enn, hat ech eech dat net gesot : Dir hätt missen e schwaarzen huelen…schwaarz Kuebe fänkt ee mat engem schwaarze Fuedem!» Dobäi schmunzt den Hänni schallekeg, späizt eng ausgeknate Jick Tubak an de Kullang, wëscht sech mam Handréck d’Jickesaaft aus dem Schnauzbaart an dréckt heemlech sengem Aarbéchtskolleg, dem Karthausser Joss, en A zou… Ma ech hat verstan: et muss een net an engem Schoulzëmmer sëtzen, fir eng Lektioun ze kréien… Dofir hu mir awer och net méi mat engem schwaarze Fuedem probéiert: D’Actioun „Kuebefänken“ war virleefeg aus eisem Programm gestrach…
Edmond Steyer, fir GUSTI (www.gusti.lu)