Wéi mat der Musel an der Sauer och d’Our d’Grenz gouf

An den zwee Kapitele virdru se mer gewuer ginn, wéi d’Vertrieder vun de véier Groussmuechten Russland, Preisen, Eisträich an England op dem „Wiener Kongress“ déi deemoleg Staatsgrenzen ouni vill Gedeessems nei festgeluegt hunn, an Europa en neit Gesiicht ginn hunn, ouni déi betraffe Länner ze froen a mat rieden ze loossen. Ma mat all deem Gehandels a Gefocks louchen se sech op eemol an der Woll an hu sech zerguttzert zerbalegt. Du hu se dann dat geschloe Land – Frankräich – och nach mat un de Verhandlungsdësch geholl. D’Lëtzebuerger Ländche gouf elle gebeetscht: Sou ass et mat Belgiën zu Holland komm a war de Privatbesëtz vum Kinnek Wëllem I. Dien huet awer drop gehalen, datt dat Ländchen, dat bis dohin en Herzogtum war, zu engem Groussherzogtum erhuewe ginn ass, a wann et nëmme war, datt hien, Wëllen I., méi en décken Titel konnt dron. Dat war mat engem Fiederstréch geschitt an et ass et jo och nach haut. An d’Haaptstad Lëtzebuerg, mat deer groussaarteger Festung, déi se de „Gibraltar vum Norden“ gedeeft haten, e Meeschterwierk vum Vauban, ass eng preisesch Garnisoun agezunn. Den Artikel 68 vun der „Wiener Kongressakte“ hat also an eisem Streech natierlech Grenzen duerch Flëss festgehal : Musel, Sauer, Our. Et ass der Philosophie gefollegt ginn, datt a Friddenszäiten – an déi sollte jo no deenen uerge Schluechte vum Napoleon garantéiert ginn – Flossgrenzen dach bal zu kengem Gestreids iwer e puer Këppe Land féiere kënnten. Se haten och de Virdeel, datt se an der Natur konkret gezeechent waren, d’Grenzlinn vu Jann a Mann also mam bloussen A erkannt konnt ginn, Grenzsteng waren iwerflësseg, Jandaarmen an Douanjeeën haten et liicht, de Verkéier iwer an eriwer ze kontrolléieren… Ma sou Flossgrenzen kënnen och Nodeeler hunn. Kuckt, leeft se an hirem Dall mol méi no zu deer lénker Hiwwelsäit, dann ass op dem rietsen Ufer méi Plaz fir Weed a Gewan an ëmgekéiert ass et och de Fall. Also haten d’Eegentëmer elo mat engem Schlag plazeweis déi meeschte Stécker am Ausland leien. Ganz besonnesch op der Sauer an op der Our, wou ee jo iwer vill Fuerten op déi aner Säit komm ass an een net onbedéngt eng Bréck gebraucht huet, ass vill zerrappt ginn, well jo och vill Dierfer flatsch gespléckt gi sënn. Do haten op eemol d’Leit vun enger Säit keng Kierch méi, kee Kierfécht, si sënn an eng aner Gemeng geprafft ginn, an déi riets vun der Musel a lénks vun Our a Sauer hunn iwer Nuecht d’Nationalitéit gewiesselt. Jidderee ka sech elo ausmolen, wat dat fir vill Famillje mat sech bruecht huet: Papp a Mamm sënn op dem rietsen Our- oder Sauerufer Lëtzebuerger bliwen, an de Jong oder d’Meedchen, déi déisäit an d’Duerf bestuet waren, së Preise ginn. Natierlech war och den ëmgedréite Fall méi wéi ees entstanen. Op vill Geramouers a Protester hin huet de Wiener Kongress dann du awer agesinn, datt eng Uertschaft, déi op béide Säite vun engem Floss louch, net däerft zerschnidde ginn, mee datt se ongedeelt mat hirer Gewan deem Staat gehéiere géifen, dien de gréissten Deel vun deer betraffener Uertschaft op senger Säit hat. Deen Deel gouf bestëmmt duerch d’Awunnerzuel. Déi Bestëmmung gouf awer eréischt nom Wiener Kongress am Juni 1816 zu Oochen duerch e Grenzofkommes konkretiséiert tëschent dem Kinnekräich Nidderlanden – zu deene Lëtzebuerg als Eegentom vum Kinnek gehéiert huet - a Preisen. Dat Schrëftstéck huet d’Grenz genee bestëmmt vu Schengen op der louthréngescher Grenz bis zur hollännescher Provenz Geldern am Norden. Erënnere mer hei drun, datt dat neit Groussherzogtum zu deem Zäitpunkt am Westen an Nordwesten nach eng schéi Flaatsch an der heiteger Belsch hat! Ma kuck hei! An deem Oochener Ofkommes sinn nëmmen zwou Uertschafte genannt, déi net duerch déi nei natierlech Waassergrenz duerchschnidde sollte ginn: Waasserbëlleg a Veianen. Waasserbëlleg hat een Deel vu sengem Uert – Uewerbëlleg genannt – op dem rietse Muselufer leien. Well Waasserbëlleg vill méi Awunner hat wéi Uewerbëlleg, ass dat zu Lëtzebuerg geschlo ginn, an dat ass och ausdrécklech am Vertrag festgehal ginn. Ma an engem Vertrag duerno hunn Holland a Preisen hir Grenze méi genee bestëmmt. Du huet Wëllem I. vun Holland dem Kinnek vu Preisen Uewerbëlleg ofgetratt géint eng territorial Kompensatioun zu Gonschte vun der hollännescher Grenz an der Provenz Geldern. En Ausgläich fir de Groussherzogtum ass et dobäi net ginn! Zu Veiane war d’Saach zimlech kloer. Awer et goufen dach Schwieregkeeten. Op der rietser Oursäit louch den Haaptdeel vun der Uertschaft mat der Kierch, dem Kierfécht an der Buerg. Deemools hunn do 851 Leit gewunnt, déisäit, am „Faubourg“, hu 425 Leit gelieft. Ma trotz der ausdrécklecher Bestëmmung, datt Veianen net sollt ausernee gerappt ginn, hat Preise kuerz drop de Faubourg ees besat. No villem Hin a Hier hu se dach ofzéie missen. ’t fällt op, datt an dem Grenzvertrag vun Oochen Eechternach net mat deenen Uertschafte ernimmt ginn ass, déi net duerch d’Waassergrenz sollten zerschnidde ginn. Eechternach hat eng Rëtsch Haiser op der anerer Säit vun der Sauer, a souguer eng Bréck huet déi zwéin Deeler matenee verbonnen. Op der Sauer huet de klengsten Uertsdeel de Suffix „-bréck“ ugehaange kréit. Sou hu mer op lëtzebuerger Säit Wuelendrëferbréck a Bollendrëferbréck, an op däitscher Säit…Eechternacherbréck. Weilerbaach gëtt et souwuel däitsch wéi lëtzebuergesch. E gudde Strapp uewen u Veianen läit dat schéint – dräideelegt - Dierfchen Eesbéch. Uewereesbéch mat Ënnereesbéch an Iwereesbéch. Et gehéiert zou der Gemeng Housen. Déi zwee éischt blouwen op der rietser Oursäit lëtzebuergesch, an Iwereesbéch, knaps e Steeworf ewech, déisäit vun der Baach, gouf preisesch an zur Par Préischend (Preischeid) geschlon, wat eng geschloe Stonn beschwéierleche Wees biergop ewech louch. Ma d’Kierch louch zu Ënnereesbéch, de Kierfécht zu Uewereesbéch a sou huet sech agerass, datt déi preisesch a spéider déi däitsch Iwereesbécher nach bal honnertfofzeg Joer laang dëssäit gedeeft, bestuet a begruewe goufen. Nach haut wunnt de President vun der Chorale „Ourdallsänger Eesbich“ am däitschen Iwereesbéch. Dat ass dach geliefte Grenzgemeinsamkeet, oder net?