(IV)Nach en interessante « Grenzfall »


Waasserbëlleg ass eng vun eise bekanntesten Uertschaften. All Kand huet an der Schoul geléiert, datt Waasserbëlleg dien déifste Punkt vu Lëtzebuerg ass, datt do „op der Spatz“ d’Sauer an d’Musel fléisst, déi och just op deer Plaz an Däitschland eran tuert. Eng Eisebunnsbréck geet iwer d’Sauer mat der Tréierer Streck, an eng aner bréngt d‘ Gefierer no Igel op dat lénks Muselufer. E puer Meter ënnendrun fiert eng Pont iwer d’Musel a verbënnt Waasserbëlleg mat Uewerbëlleg op dem rietse Muselufer.

Souwäit d’Situatioun vun haut. Awer passt mol op, wat eis Geschicht duerzou ze son huet. Joerhonnerte laang ware Waasserbëlleg an Uewerbëlleg eng an déi selwécht Gemeng, méi nach, si hunn nëmmen als een Uert gezielt. Lo wësse mer, datt de „Wiener Kongress“ Europa politesch nei agedeelt huet a fir eis déi natierlech Grenze vun de Flëss Musel, Sauer an Our festgeluegt huet. Doduerch huet Lëtzebuerg vill Land un dat deemolegt Preise verluer.

Ma well d’Waassergrenz d’Uertschaften, déi op béide Säite louchen, gedeelt huet an doduerch den Awunner Leed a Schued bruecht hätt, war sech an deem „Wiener Vertrag“ awer eens gemaach ginn, datt sou Uertschaften net géife gespléckt ginn. Si sollte mat hirem Gebitt op béid Säite vum Floss deemjéineg Grenzstaat gehéieren, deen op senger Säit déi meeschte Leit aus der Uertschaft opzeweisen hätt. Dien historeschen Dag war den 9. Juni 1815.

Ma un deem Pabeier ass grad emol ee Joer méi spéit, de 26. Juni 1816, zu Oochen geschnëppelt a gepléischtert ginn. Do ass e „Grenzvertrag“ tëschent dem Kinnekräich Preisen an dem Kinnek Wëllem I. vun Holland, die jo zu Wien Groussherzog vu Lëtzebuerg genannt gi war, ënnerzeechent ginn.

Dat Oochener Ofkommes huet bestëmmt, datt d’ Flossgrenzen vun elo un déi offiziell Staatsgrenze sinn bis op nëmmen zwou Uertschaften, déi net däerfte gedeelt ginn, sou wéi de„Wiener Vertrag“ et virgesinn hat. Dat ware Veianen a Waasserbëlleg. ( Nu kuck hei, an Iechternach?) Si sollten ongedeelt dem Kinnek – Groussherzog Wëllem zoukommen.

Fir Veiane war dat kloer. Lénks vun der Our, am sougenannte Faubourg, hunn nëmme wéineg Leit gewunnt a sou ass d‘ Grenz, amplaz der Our no, der aler Gemengegrenz erno iwwer de „Kammerwald“ verlaf. Ma wou louch den Hoke bäi Bëlleg? Et huet wuel dermat ze don, datt Waasserbëlleg / Uewerbëlleg déi eenzeg Uertschaft op der Musel war, déi iwwer an eriwwer louch. Am Artikel 5 vun den Oochener Bestëmmungen, déi wéi deemools all offiziell international Traîtéën op franséisch verfaasst war, heescht et: „Oberbillig, situé sur la rive droite de la Moselle, appartiendra au Royaume des Pays – Bas comme étant une dépendance de Wasserbillig, avec laquelle il ne forme qu’une seule commune et un même endroit. »

Dien Artikel war scho korrekt a konform nom « Wiener Vertrag », deemools huet Waasserbëlleg 54 Leit méi gezielt wéi Uewerbëlleg. ( am ganze 460 ) Net an der Rei war awer, datt Uewerbëlleg dem „Royaume des Pays – Bas“ zouerkannt gouf, well nom „Wiener Vertrag“ war Lëtzebuerg keng Provënz vun den Nidderlanden, ma en eegene Staat: „Un Etat membre de la Confédération germanique“ wéi et an deem Schrëftstéck housch. Die Staat ass just vum nidderlännesche Kinnek regéiert ginn . Dien Iertom sollt nach Folgen hunn…

Et war also scho kloer: Als Uertsdeel vu Waasserbëlleg gehéiert Uewerbëlleg zum Groussherzogtum Lëtzebuerg. D’Grenz ass net méi d‘ Musel, si mécht déisäit e Bou op der Gemengegrenz ëm Uewerbëlleg erëm!

Duerzou ass et awer ni komm. Nu passt op! Deemools war nach net eng eenzeg Bréck iwer d’ Musel tëschent Tréier an Diddenuewen. Sollt mol de Bau vun enger Bréck a Fro kommen, sou kënnt Lëtzebuerg zou Waasserbëlleg – Uewerbëlleg eng bauen, ouni op der rietser Muselsäit op däitsche Buedem opzesetzen. Dobäi hätt Lëtzebuerg och nach op eegenem Buedem d‘ Kontroll vum Schëffsverkéier op der Musel gehat. Ma dat hat Preisen och séier spatz. Och wollte si déi breet Musel als militäresch wichteg Grenz bäibehalen, well déi streidereg Fransousen op der Dier souzen. Aus méi wéi engem Grond louch dem preiseschen Noper also alles drun, Uewerbëlleg fir sech ze kréien. Dofir hunn hier Vertrieder zu Ooche plëdéiert …« d‘ acquérir Oberbillig par quelque échange pour avoir sur ce point une ligne frontière plus belle et plus régulière. » Dat gouf virleefeg mol festgehal , den Tosch koum dräi Méint méi spéit. Den Traîté vun Oochen huet d’ Grenz festgehal tëschent den Nidderlanden a Preisen vu Schengen bis un d‘ Meuse bäi Nimwegen. De 7. Oktober 1816 koumen d‘ Vertrieder vun deenen zwee Länner nees zu Cleve zesummen, fir hier Grenze vun der Meuse un uewenaus festzeleeën. Domat hat Lëtzebuerg eigentlech näischt ze don. Maja! Am Artikel 10 vun deem Ofkommes stoung ze liesen.“ Oberbillig avec le territoire situé sur la rive droite de la Moselle et devant, d’après le traîté d’Aix – la – Chapelle ,(dat ass Oochen) appartenir au Royaume du Pays – Bas, restera au Royaume de Prusse. »

Elo war Uewerbëlleg definitiv fir Lëtzebuerg verluer an et gouf emol keng Kompensatioun fir de Groussherzogtum. Déi huet an enger bis dohi preisescher Uertschaft bestan, déi Holland zou der Provënz „Gelderen“ geschlo krouch. A scho war d‘ Saach geschosselt…

Edm. Steyer